Vous êtes ici

Zeltkolonie fir eis all II (colonie d'intégration)

Date Jeudi, 17 Août 2017 - Jeudi, 24 Août 2017
Lieu COLMAR-BERG
Type
Animation
Catégorie Camp & Colonie
Age 7-10
Participants
8 - 42
Prix
184.00€
Statut
L'inscription est fermée.

Ob am Rollstull oder zu Fouss, dës Kolonie ass grandious! Spillen, bastelen, zelten a sangen, a vill nei Frënn fannen. Zu Kolmer-Bierg ass och dëse Summer nees eng lass, dofir mell dech séier un a komm mat! Zesumme wäerte mir vill flott a spannend Abenteuer erliewen, a mir loossen eis de Spaass duerch näischt verdierwen. Wëlls du eng Woch verbrénge wéi nach ni, da bass du genee richteg op der Zeltkolonie! Mir hunn op dëser Kolonie 12 Plaatze fir Jonker mat Behënnerungen. Dëse Kontingent ass zu dësem Ament schons erschöpft, interesséiert Eltere kënnen awer hir Kanner fir d’Waardelëscht umellen. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Eltren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si während der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.