Vous êtes ici

Kolonie emol Anescht

Date Jeudi, 31 Août 2017 - Vendredi, 8 Septembre 2017
Lieu A-SCHLADMING
Type
Animation
Catégorie Camp & Colonie
Age 16-18
Participants
8 - 25
Prix
525.00€
Statut
L’activité est complète. L’inscription permet néanmoins d’être ajouté à la liste d’attente.

Wëlls du eng Kolonie erliewen déi eemol anescht ass an Éisträich? An enger flotter Géigend, wou mer ënner anerem e Sky Walk maachen, den Action Rafting an déi gréissten Zipline an den Alpe rocken. Wéi et sech op enger Kolonie eemol anescht gehéiert, kënne Fräizäiten zum Beispill am Wellnessberäich oder an der schéiner Alstad gemaach ginn. Den eemol anescht kënnt dohier dass des Kolonie fir jiddereen ass a keen Handicap en Hindernis duerstellt, ganz nom Motto „barrierefreier Urlaub“. Mir hunn op dëser Kolonie 10 Plaatze fir Jonker mat Behënnerungen. Dëse Kontingent ass zu dësem Ament schons erschöpft, interesséiert Eltere kënnen awer hir Kanner fir d’Wartelëscht umellen Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Elteren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si während der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.