Vous êtes ici

Plang B (weekend de base)

Date Samedi, 5 Mai 2018 - Dimanche, 6 Mai 2018
Lieu VIANDEN
Type
Formation
Catégorie Weekend de base
Age 16-99
Participants
8 - 20
Prix
35.00€
Statut

Haut geet et an d’Schwämm, dat ass ëmmer eng super Aktivitéit an d’Kanner freeë sech scho wéi wëll. D’Stëmmung ass super, bis mer virun der Schwämm stinn. Oh nee, d’Schwämm ass zou! A wat elo?

Leider leeft net ëmmer alles riicht an et muss een heiansdo improviséieren. Dëse Weekend soll dir weisen dass ee bei grousse Pannen, wéi enger Aktivitéit déi ausfält, awer och bei méi klenge Pannen mat ganz einfache Mëttelen kann d’Kolonie um lafen halen.

Ziel vum Weekend ass et dass du dono ëmmer e Plang B an der Täsch hues, a ganz spontan kann s eppes aus dem Aarm zauberen, ouni dofir vill ze organiséieren.