Vous êtes ici

Zeltkolonie fir eis all I (colonie d'intégration)

Date Jeudi, 3 Août 2017 - Jeudi, 10 Août 2017
Lieu COLMAR-BERG
Type
Animation
Catégorie Camp & Colonie
Age 11-14
Participants
8 - 50
Prix
185.00€
Statut
L'inscription est fermée.

Normal? Wat ass da schonn normal! Bass du rout oder gréng am Gesicht? Fiers du mam Velo oder Rollstull? Et ass ganz egal! Bei eis däerf jidderee mat, dee gäre laacht, spillt a mat eis een neit Abenteuer wëllt erliewen. Fills du dech prett? Da komm mat! Mir hunn op dëser Kolonie 15 Plaatze fir Jonker mat Behënnerungen. Dëse Kontingent ass zu dësem Ament schons erschöpft, interesséiert Eltere kënnen awer hir Kanner fir d’Wartelëscht umellen Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Eltren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si während der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.