Net schonn erëm grillen! Besser ee Saumon um Feier, Kaiserschmarrn, Pizza an nach een Dessert vum Feier. Nieft e puer Aktivitéiten, déi s du ganz gutt mat engem Grupp Kanner dobaussen am Bësch maache kanns, këmmere mir eis de ganze Weekend ëm d’Feier. d’Iesse preparéieren, kachen a schmaachen. Du kanns d’Rezepter selwer ausprobéieren a léiers kennen, wat een alles sou um Feier Leckers kache kann.