Du bass e leidenschaftleche Mountain-Bike Fuerer, hues well eng gutt Fuerkenntnis, wëlls awer gären nei Erfarunge sammelen an och deng Technik verbesseren? Wëlls de dobäi och nach nei Leit kenneléieren a Spaass hunn? Da mell dech bei eis un a sief gespaant op eng flott Aventure.
Fir dëse Weekend verléine mir keng Vëloen, du muss däin eegene Vëlo matbréngen.
Opgepasst: Well an der Ouschtervakanz keng Aktivitéite mat Iwwernuechtung däerfe stattfannen, mussen déi Jonk all Moien an d'Fiels bruecht ginn an owes nees ofgeholl ginn!