Dës Formatioun ass fir de Brevet vum Animateur A. Fir de Brevet ze kréien, muss een déi 2 WE matmaachen (30 Stonnen). Um Programm sti Spiller, d'Roll an d'Responsabilitéit vum Animateur, Sécherheet a Präventioun an nach villes méi, wat ee brauch, fir Kanner flott Aktivitéiten ze bidden. De prakteschen Deel (min.20 Stonnen) muss am Kader vu Vakanzaktivitéiten an enger Gemeng oder bei enger Maison Relais gemaach ginn.
Dës Formatioun muss een net maachen, fir Kanner a Jugendlecher op Campen a Kolonien ze betreien. Et kann een och direkt mam Brevet B ufänken!