Virun 200 Joer huet eng béis Hex ee Fluch iwwert d'Feeëfamill vum Lucinda geluecht, säitdeem ass säi Papp an engem risegen Äisblock gefaangen. Wéi de klenge Kobold Ralf mat engem magesche Steen am Bësch vun de Feeën optaucht, ass fir d'Lucinda d'Chance do, de Fluch endlech ze briechen. Wäert d'Lucinda déi béis Hex fannen a säi Papp befreie kënnen?
Wann s du dat wëlls rausfannen, cool Spiller mat anere Kanner maachen an ee rise Freedefeier wëlls materliewen, da mell dech elo fir d'Wanterkolonie un.