Am wonnerschéine Lëlz stellt de Marc Strasser, och bekannt als Jonn Happi dëse Summer säin Zirkuszelt op. Zesumme mat anere Jonke léiers du flott Zirkusdisziplinë wéi Trapez, Tissu, Seeldanz, Diabolo, Jonglerie a villes méi kennen. Eng ganz Woch gëtt an enger flotter Atmosphär eng Zirkusshow ageüübt, déi mir zum Schluss vum Camp eisen Elteren, Geschwëster a Kolleegen am Zirkuszelt wäerte presentéieren. Dat Ganzt gëtt mat diversen Natur a Waasseraktivitéite um a ronderëm de Stauséi vun den Animateure vum SNJ begleet. Nieft flotte Frëndschafte wäerten och nach e puer Iwwerraschung wärend der Woch op dech waarden.
Vous êtes ici
Zirkus Camp
Date Lundi, 22 Août 2022 - Samedi, 27 Août 2022
Lieu LULTZHAUSEN
Type
Animation
Catégorie Camp & Colonie
Age 12-16
Participants
- 14
Prix
180.00€
Statut
L’activité est complète. L’inscription permet néanmoins d’être ajouté à la liste d’attente.
1