Spillvakanz
Zu Beefort geet et héich hier. Komm och du mat op d’Spillvakanz an erlief wärend 10 Deeg lauter spannend Abenteuer. Léier nei Frënn kennen a genéiss eng Zäit mat ville Spiller, flotten Atelieren an e puer groussen Iwwerraschungen! Pak däi Rucksak a maach dech prett fir eng flott Rees voll mat neien Erliefnisser!