Check-In
Wanns du am September nach keng Loscht hues u Schoul ze denken, mee de Summer nach eng lescht Kéier a vollen Zich wëlls genéissen, da bass du zesumme mat dénge Frënn genau richteg um Check-In. Hei erwaarden dech Kayak, Stand up paddle, kreativ Workshops, en Hike a vill aner genial, kreativ a lëschteg Momenter! No 7 Joer zu Lëlz plënnere mer dëst Joer an de Centre écologique op Housen, mee natierlech wäerten eis Aktivitéiten um Stau wéi gewinnt stattfannen.