Vous êtes ici

Hierschtkolonie

Date Dimanche, 31 Octobre 2021 - Samedi, 6 Novembre 2021
Lieu Lultzhausen
Type
Animation
Catégorie Camp & Colonie
Age 13-15
Participants
- 50
Prix
243.00€
Statut

De Summer ass eriwwer, dobausse gëtt et méi kal...mee dat heescht net, dass de Spaass een Enn muss hunn.

Hutt dir Loscht op een onvergiesslecht Erliefnis am schéine Lëlz beim Stauséi, da sidd dir hei genau richteg. Kanu fueren, Spiller am Bësch, Ausflich op aner schéi Plazen, sinn nëmmen e puer vun deene ville flotte Saachen, déi mer hei zesummen erliewe wäerten. Pak der eng gutt Portioun Spaass an deng Valise a maach dech prett fir d'Hierschtkolonie. Mir freeën eis op dech.

Mir hunn op dëser Kolonie 4 Platzen fir Jonker mat Behënnerung. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d'Umeldung dobäi. Dëst ass wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéieren ze kënnen. Zur Präpartioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tescht Eltren a Responsabel, wou si d'Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d'Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksproch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d'Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.