Vous êtes ici

Kolonie Emol Anescht

Date Jeudi, 2 Septembre 2021 - Vendredi, 10 Septembre 2021
Lieu A-SCHLADMING
Type
Animation
Catégorie Camp & Colonie
Age 16-18
Participants
- 25
Prix
535.00€
Statut

Wann s du de Summer mat enger flotter Kolonie ofschléisse wëlls, da komm mat eis op Schladming (Éisträich). Do wäerte mir ënner anerem e Skywalk an Action Rafting maachen an déi gréisste Zipline aus den Alpe rocken. E weideren Highlight ass den Hike, wou mir op enger klenger Hütt an de Bierger iwwernuechten. Wéi et sech op enger Kolonie emol anescht gehéiert, kënne Fräizäiten zum Beispill am Wellnessberäich oder an der schéiner Alstad verbruecht ginn. Dës Kolonie ass fir jiddereen; keen Handicap soll en Hindernis duerstellen.

Mir hunn op dëser Kolonie 10 Plaatze fir Jonker mat Behënnerungen. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Eltren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si wärend der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.