Animateur sinn op enger Kolonie ass verbonne mat enger Rei Erausfuerderungen a Froestellungen: Wéi reagéieren ech op Autoritéitsproblemer a Regelverstéiss bei Kanner? Wat kann ech maachen, am Fall vu Kommunikatiounsschwieregkeeten ënnert den Animateuren? Wéi ginn ech ëm mat Léift a Sexualitéit op der Kolonie?
Zesumme mat iech wëlle mer oppen iwwer dës an aner Froen diskutéieren, eis an déi jeeweileg Situatioun a Persounen eraversetzen an op dës Manéier verschidde Léisungsvirschléi erschaffen.